Passer du Vrai au Juste

Fréier war alles besser. Bei mir ass dat nach haut esou !

Wichteg Prozesser

Zënter dem Joer 2000, verschidde Prozesser géint Dokteren a Spideeler a Saache Behandlungsfeeler, mat Succès ofgeschloss.

2019: Déi sougenannten « GLYPHOSAT AFFÄR » : no engem laange Kampf huet mäi Client zu Lëtzebuerger als Éischten eng Beruffskrankheet unerkannt kritt, déi duerch Glyphosat kéint ausgeléist gi sinn. E strofrechtlechen Dossier géint Produzenten a Verdeeler géint Round-up ass nach ëmmer am gaangen.

2018-2019: déi sougenannte “PËCHERTEN AFFÄR » an där de Chef vum Verkéier Service vun der Gemeng Lëtzebuerg a säin Adjoint zu engem Joer Prisong verurteelt goufen, nodeems mäi Client di ganz Affär an d’Rulle bruecht hat.

2015: Dossier SPIELMANN A KONSORTEN géint d'Société Nationale à Bon Marché (SNHBM), d’Dikkrecher Gemeng an d’Kulturministesch Maggy Nagel: an dësem Dossier huet d’Verwaltungsgeriicht der Plainte vu mengem Client Recht ginn an eng Decisioun vun der Ministesch fir verschidden historesch Gebaier net ze klasséieren, annuléiert.

2014: Affär RIBERY an där ech de bekannte franséische Futtballspiller (deemools Bayern Munchen) géint säin eemolegen Agent vertrueden hunn.

1990-1992: de sougenannte “JOURADO” Dossier an dem en Harvard Professer ugeklot war de Finanzberooder vum Cali Kartell gewiescht ze sinn, éischten europäesche Prozess iwwer wäiss wäsche vun Drogegelder.

1988: “D’WALDBËLLEGER AFFÄR”: Iwwer 10 Bankiwwerfäll wouvun di lescht op d’BIL an der Staat mat enger Geiselnam an dem Doud vun engem Polizist op en Enn gaangen ass, a weiderhin eng hallef Dozent Morden.