Passer du Vrai au Juste
Fréier war alles besser. Bei mir ass dat nach haut esou !
Juristesche Coaching
Nieft den “normalen” Servicer als Affekot (plädéieren, beroden, schlichten,…) bidden ech Iech och un Iech ze coachen an dat heescht Iech op speziell Situatiounen optimal virzebereeden.
An dësem Kader ginn ech Iech nieft de juristesche Rotschléi och Rotschléi mënschlecher Natur mat, déi Iech optimal hëllefen, speziell a folgende Situatiounen:
- Verhandlunge vu Verträg (Immobilien, Mietverträg, Kafverträg,…)
- Gespréicher am Kader vun der Aarbecht, ob als Employé oder Patron
- Oftriede vu Gesellschaftsundeeler
- Verhandlunge vu Kreditter
- Ëmstrukturéierunge vu Gesellschaften
- Verhandlunge mat Administratiounen
- Ierfschaftsverhandlungen
- Scheedungssaachen
- Schuedenersatz Verhandlunge mat Versécherungen asw
Bei esou Gespréicher muss jo net ëmmer en Affekot dobäi sinn, an oft ass et och besser dass keen dobäi ass.
Fir Iech awer ze erlabe gutt virbereet an esou Verhandlungen eran ze goen, ass esou e Coaching e wäertvollt Mëttel fir séier an effikass säin Zil ze erreechen an op alle Fall fir ze verhënneren dass Dir Iech iwwer den Dësch zéie loosst.