Passer du Vrai au Juste

Eis Ambitioun ass fir Iech déi Léisung ze schafen déi bei Iech passt, andeem mir soe wat wouer ass fir ze erreeche wat richteg ass.

Aner Aktivitéiten

De Maître Schonckert, nieft sengem Beruff als Affekot, hat an huet vill éierenamtlech Aktivitéiten an am speziellen:

  • Eemolege Member vum Conseil de l’Ordre vun den Affekoten
  • Eemolege Member vun der Commission de Grace vum Grand-Duc
  • Eemolege Member vum Ombusdcomité fir d’Rechter vum Kand (ORK)
  • Vu Februar 2004 bis Oktober 2020 Vize-Président vun der FLF ( Letzëbuerger Fussball Federatioun)
  • President vu Mäi Wëlle Mäi Wee (MWMW), (virdrun ADMD-L, Association du droit de mourir en dignité-Luxembourg, déi sech vir e mënschewierdegt Stierwen asëtzt
  • Member vun der UEFA Kommissioun iwwert d’Spiller a Match Agenten
  • Vize-Président vum Anti Dopping Geriicht vum olympesche Comnité (COSL)
  • President vum Beruffungsrot vun der lëtzebuerger Fëscher Federation (FLPS)
  • Grënnungsmember vun der ALAP (Association Luxembourgeoise des Avocats Pénalistes), d’Associatioun vun de lëtzebuerger Affekoten am Strofrecht
  • Grënnungsmember vun der asbl Faber & Schonckert Constellations (www.constellations.lu), als Virreider vun de systemeschen Opstellungen zu Lëtzebuerg.