Passer du Vrai au Juste

Eis Ambitioun ass fir Iech déi Léisung ze schafen déi bei Iech passt, andeem mir soe wat wouer ass fir ze erreeche wat richteg ass.

D’Etüd

jean-jacques-schonckert

Jean-Jacques Schonckert

Affekot zënter 1986

Ech leeë Wäert op eng perséinlech Berodung.

Sproochen:

  • Lëtzebuergesch
  • Franséisch
  • Däitsch
  • Englesch

Zanter hien um Barreau ageschriwwen ass (1986), huet de Maître Schonckert sech séier e Ruff net nëmmen als Affekot um Geriicht gemaach, mee och als Beroder.

Seng Erfarung, zesumme mat senger Villsäitegkeet, erlaben him senge Clienten eng breet Palett vu Berodungen, an deene verschiddenste Beräicher, unzebidden (Bauwiesen, Immobilien, Sozialrecht, Familljerecht, Strofrecht, Handelsrecht asw…) .

Doriwwer eraus huet d’Etüd awer och e Netz u Juristen a Finanzspezialisten, déi hier erlaben hier Clientë beschtens ze beroden.

 Gutt an der Lëtzebuerger Gesellschaft verankert, féiere seng Aktivitéiten hie selbstverständlech awer och dozou seng Clienten iwwert d’Grenzen eraus ze beroden an ëmgedréit beréit hien natierlech och Clienten aus dem Ausland.

Ëmmer op der Sich no engem “Plus” fir seng Clientë, huet hie séier d’Grenze vum traditionelle Justizsystem erkannt a sicht ëmmer no alternative Léisungen, déi dem Bierger anescht hëllefe kënnen, dat ganz natierlech am Respekt vum Recht.