Vom Wahren zum Richtigen

Früher war alles besser- bei mir ist das noch heute der Fall!

Chroniken des Alltags

Wat seet d'Gesetz an deem Fall ...? mam Affekot Jean-Jacques Schonckert

RTL

Net just am Ausland héiert een ëmmer nees dass eng Schoul, en Akafszenter, e Flughafen oder eng Gare huet misste geraumt ginn well en Onbekannten ugeruff huet an domadder gedréit huet alles an d'Luucht ze jummen. Dat ass kee Kavaléiersdelikt, a mir wëllen haut keen animéieren fir dat auszeprobéieren, well dat kënnt engem deier ze stoen, an de Risk, dass een erwëscht gëtt, ass méi wéi sécher.